Den ganzen Dag :
- Dësen Moien hunn mer all eis Saachen prett gemeet an wou jiddereen prett war, sinn mer schéin brav zwee an zwee mat dem Här Engstler an der Miss Glod Hand an Hand bis bei den Busarrêt gaangen. Nodeems mer de richtegen Bus fonnt haaten, sinn mer eis all drop gestierzt fir dei Plaz ze kreien, dei mer wollten.
- Wou jiddereen gutt souz, goufen mer gezielt, domat mer och secher wieren, dass keen feelt. Dunn si mer fortgefuer. Mer haaten liicht Probleemer fir di richteg Plaz ze fannen um Parc d'Activités vun Capellen, wëll e Chantier amgaangen war op dem Wee den mer eigentlech missten huelen. No deem Wee-sichen, wärenddeems mer e puer Cactus- Camionen begeint sinn, sinn mer dunn um 8:45 ukomm.
- Firunn dass mer erausgeklomm sinn vum Bus kruute mer vum Häer Engstler an vun der Miss Glod e puer Hinweiser wei mer eis sollen verhaalen, an dass mer sollen heiflech sinn.
- Mer sinn dann an d'Gebai ra gaangen an sinn dann an engem Versammlungsraum komm. D'Mme Joëlle Guérin, deem säin Numm mer reicht mei späit, am Klassesall gewuer gi sinn, huet eis dann an d'Kantine gefouert, wou Si eis d'Gebai an haaptsächlech d'Firma virgestallt huet. Dei Centrale gouf an den 80er Joren gebaut an di lescht Modificatioun, di stattfont huet, wor virun engem Joer. Am Ganzen ginn et zwee Congelateuren an 1400 pizzaen, glacen, e.t.c..
- Si liveren all d'Cactusen, nonzéng am Ganzen, an e puer kleng Shoppien, uechtzéng am Ganzen. Neierdéngs hunn se och eng Internetsäit (cactus.lu) dei och doheem livert (drive). Den Problem bei deem Secteur ass d'Rentabilitäit. Si schaffen also gréiβtendeels mat de Geschäfter.
- No deenen Erklärungen hunn mer eis Jacketten ugedo an hunn eng visite guidée vum ganze Gebai gemaach, wou et mei kaal ass (sou wéi gewisen um Bild riets; uewen sinn d'Temperaturen am froid positif an ennen déi zwee rietssinn froid négatif).
- Am Entrepôt ginn d'Saachen, dei ukommen, examineiert, ob se okay sinn, an falls ja, gett et gespeichert an et gett an de Stock geraumt oder et gett direkt weidergescheckt un d'Geschäfter.
- D'Cactus-Camionen, dei esou déifgefrueren oder einfach kaal Saachen transporteiren, hunn eng Zone, wou den froid positif (einfach normal kaal)d'Temperatur ass, an eng Zone wou als Temperatur den froid négatif (déifgefrueren) benotzt gett. Am Gebai Vun deem Logistik-Zentrum ginn et 3 Entrepoen. Op Blieder ginn d'Qualitäit, d'(date limite de consommation) an d'Quantitäit opgeschriwwen.
- Bei dem Cross docking gett et an engem Computer opgeschriwwen. Beim Cross docking ginn d'Waren réceptionneiert, awer net geraumt, awer direkt weggescheckt.
- Beim Picking helt een d'Waren an prépareiert se. Am Ganzen ginn et ongefeier 400 verschidden Sorten Keis zu Letzebuerg.
- Den minimum Loun ass vun 1900 €. Dei, dei an der Zone schaffen, wou d'Temperatur bäim froid négatif (déifgefrueren, -20,-22° C) läit, hunn eng Prime, wougeint dei, dei an der Zone wou den froid positif (einfach normal kaal,5-6° C ) d'Temperatur ass schaffen, keng speziell Prime dofier kreien. Dei, dei am froid négatif schaffen, mussen dräi Veirels Stonn schaffen, an dann awer eng Paus vun enger Veirels Stonn machen.
- All dei, dei do schaffen, mussen eng speziell Kombinaison undoen, dei vun der Firma zur Verfügung gestallt gëtt. Et schaffen do och baal keng Fraen, well et einfach physech ze ustrengend ass, an well et di meescht Fraen net lang do bäim schaffen aushaalen. Di Männer, di am Kaalen schaffen ginn awer komescherweis net mei oft oder mei schnell krank wei mier.
- Riets ass e Bild vun den Machinen, dei opgelueden ginn.
- Wann een wëll an een vun deenen beiden Congelateuren goen, muss en begleed ginn aus Secherheetslechen Grënn. Den Entrepôt ass déi wärmst Plaz vum Schaffberäich. Am Stock gëtt et Kéis an Scheiven, an klengen Quadrater an an grouss Stécker. Moies gett am Logistik- Zentrum geschafft an Mettes gëtt daat ganzt Gebai gebotzt. Riets gesitt der déi grouss Wäschmaschine.
- D'Guillotine ass eng Maschine, déi den Kéis schneidt, d'Emballeuse emballeiert den Kéis an nach eng aner Maschine wäscht en.
- Den Logistik-Zentrum fabrizeiert also keen Kéis oder Aaner Produkter, et leet d'Produkter einfach weider.
- Mir sinn dunn nees zereck an d'Kantine gaangen, wou mer erklärt kruuten, wéi een déi verschidden Sorten Kéis produzéiert.
- Den fromage frais (zum Beispiel: Philadelphia, Mozzarella) gett einfach nemmen geronnen.
- D'Pâtes molles (Croûte fleurie, z. B.: Brie oder Croûte lavée, z. B.: Munster)ginn geronnen an e bëssen gepresst.
- D'Pâtes dures (cuites, z. B.: Ementhal oder non cuites, z. B.: Gouda) gëtt geronnen an dann méi gepresst.
- D'Pâtes persillées (bleu; Rocquefort)
- D'Fromages de chèvre
- D'Fromages fondus
- Et huet een am Fong den Kéis erfont an gemach, wëll et eng Manéier ass, d'Mellech méi lang haalbar ze machen an wëll et gudd ass. Den Logistik-Zentrum vum Cactus schafft mat Luxlait, d'Fromagerie de Luxembourg, Balthes, en Baurenhaff zu Eperdange an een zu Matange. Hir Ëeer kommen vun Bettange.
- Um ongeféier 10:10 hunn mer dann ugefang mat deenen zwee Filmer ze kucken. Do huet een, enner anerem, iwwert den Bersdorfer Kéis geschwat. Géint 10:20 haaten mer dann déi Filmmer fäerdeg.
- Ech sinn och gewuer ginn, dass den Japaneren hiren Bauch net gudd fir Mellech-Produkter geegent ass. An deem Logistik-Zentrum hunn se Letzeboieschen, Däitschen, Holläneschen, Italieneschen, Portugieseschen, Spuenieschen, Schwäitzer an nach Griecheschen Kéis. Multinationaleschen Kéis, also.
- No däer Ganzer Theorie sinn mer dann zur Praxis iwwergaangen, sozesoen, an hunn verschidden Kéiser konnten probéiren, woubäi den Gruyère am meeschten ausprobéiert gouf an ech hunn en mol ganz gudd font. Mer hunn awer och kunnten en Orangenjus (vun der Marque Innocent, ouni Conzentrat [Dësen Blog ass garantéiert 100% ouni Werbung]) drénken, deen ech ebenfalls gudd font hunn.
- No deenen Proben vun verschidden Kéissorten sinn mer dann géint ongeféier 11h rausgaangen vun der Kantine. Den Bus ass dann +- 10 Minutten méi spéit ukomm, an mer sinn lasgefuer. Um 11:30 sinn mer beim Busarrêt virun der Schoul ukomm. Mer sinn dann zereck an den Klassesall gang. Et war den ganzen dag ganz schéint Wieder.





Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen
Hinweis: Nur ein Mitglied dieses Blogs kann Kommentare posten.