Donnerstag, 18. April 2013

Dritter Projektag Besuch in der Thillenvogtei zu Wahl 17.04.2013

Dretten Dag vun der Projektwoch :
Den ganzen Dag :

  • Um 8:05, de Moien, sinn mer schon erem 2 an 2 mat dem, Här Engstler, der Madame Cordier an dem Här Kellner bis bei den Busarrêt gaangen. Wou mer ukomm sinn beim Busarrêt, war eisen Bus nach net do . Géint 8:12 ass en Bus ukomm, et war awer en Falschen, an en ass baal drop weggefuer. Um ongeféier 8:15 ass daat selwecht geschitt, an deen Bus war schon erem net deen Richtegen. 8:17 ass dunn den sou ersehnten richtegen Bus ukomm. 1 Minute drop sinn mer fortgefuer fir eng lang Rees, déi och zimmlech warm gouf, wëll ech niewent enger Heizung souz.
  • Géint 9:22 konnten mer endlech erem bei der Thillenvogtei zu Wahl un d'fresch Loft kommen. Mer sinn dann vun engem Här, deen sech als Jan virgestallt huet, an eng aal Schoul  (aaaaaaaaaaaaaahhhhhhh  Von Schulen umzingelt) geféiert ginn. Mer hunn eis dann op deenen richteg klengen Bänken sou gudd wéi et méiglech war installéiert, an kruten eng grouss Presentatioun vun der Schoul an der Thillenvogtei am groussen Ganzen vun dem
    Jan virgestallt, deen eis schon begréisst huet an zur aal Schoul geféiert huet.
  • D'Thillenvogtei war en Baurenhaff, deen zu engem Musee emgebaut gouf. 1991 gingen 100 Kanner aus der Gemeng an déi Schoul. Et gouf nach keng Spill- an Primärschoul, an dowéinst sinn d'Kanner aus der Gemeng bis 6 Joer bei hierer Mamm, also doheem bliven. Den Jan krut während senger Schoulzäit keen neien Schoulsaak, wéinst dem Präis vun engem neien Schoulsaak, an seng Famill war net immens räich. An der Schoul goufen et 4 Reien Bänken, an dovunner zwou fir d'Jongen, an zwou fir d'Meedecher.
  • Et gouf eng Joffer fir d'1., 2., 3., 4., 5., 6. an 7. Schouljoer, an déi eng Joffer vun fréier war sou streng wéi 6 Jofferen hautzudaachs. Pro Dommheet, déi een gemeet huet, wéi zum Beispiel ze spéit an d'Schoul kommen, krut een en Strech. Um Schluss vum Schouldag krut een dann eenSchlag mat engem Bengel op d'Fangeren pro Strech. Wann
    • d'Mamm daat gewuer géif ginn, krut een dann och vun him Streech.
    • de Paschtouer dovunner erzielt krut, krut een dann Schléi mat engem nach méi groussen Bengel wéi deen vun der Joffer.
  • All d'Kanner goufen normal Baueren, ausser een Jong, deen Paschtouer gouf, en Meedchen, daat Joffer gouf, an nach een deen bestemmt war fir d'Kéi ze sträichen.
  • 1914, Ufank vum éischten Weltkrich, gouf et keen Schoulsaak, an den Bopi oder den Papp huet engem en Schoulsaak gebastelt.
  • Fréier waren d'Profen méi streng an d'Schüler waren méi disziplinéiert an se haaten eng vill méi schéin Handschrëft, déi néideg war, wëll d'offentlech Dokumenter
    exklusiv handgeschriwwen waren.
  • Hir Schachtelen, déi aus Holz waren, enthaalten en Griffel fir op hir Schiefertafel ze schreiwen. Dobäi koum och nach en Läppchen, deen do war fir daat Geschriwwent vun der Schiefertafel ofzeweschen, deen déi meescht Jongenverluer haaten, an wann d'Joffer daat gewuer gouf, Krut deen Jong direkt 3 Strecher.
  • No dem 1. Schouljoer konnten déi meeschten Kanner schon Zeitung liesen. Fréier, fir Botter ze kréien, musst een fir d'éischt eng Kou sträichen, an aus der Mellech huet d'Mamm dann duerch Magie aus der Mellech Rahm gemach, wéi den Jesus aus Wasser Wäin gemeet huet (ech mengen, dat et déi selwecht Technik ass) . Aus der Rahm huet een dann Botter gemach.
  • An enger Famill goufen et meeschtens teschent 7 an 12 Kanner. Spillsaachen goufen et praktesch nach net, an och guer keng Séissegkeeten, an bei dem Kleeschen krut een meeschtens eng Schiefertafel, en Pullover, Schlappen, an méi selten Schocolat oder Orangen. Et gouf nach praktesch oder guer keen Elektrescht.
  • D'Déiren goufen benotzt an haaten all hir eegen Zwecker. D'Hénger goufen fir hir Eeer an als Poulet benotzt. D'Kéi goufen fir hir Mellech gehaal an d'Schwäin gouf fir d'Fleesch gehaalen. All Famill haat säin eegenen Gaart , wou se Geméis ungeplanzt haaten. Do huet een dann awer doduerch missen Onkraut regelmäisseg wegmachen. Peffer, Salz, Kaffi an Tubac waren e puer vun deenen eenzegen Saachen, déi net ugeplanzt goufen.
  • All Freiden gouf neit Brout vun der Mamm gebaak. Daat, waat all Dag op d'Schmier komm ass, huet vun der Saison ofgehaangen. Wann et d'Äppel-Saison war, dann gouf et eeben
    Äppelkompott, wann et d'Kuetchen-Saison war, dann gouf et Kuetchegebes, an wann en Schwäin geschluecht ginn war, dann haat een Zossissen fir op d'Brout. Um 10:05 sinn mer dann Brout pretmachen gaang fir et ze baaken. D'Kanner missten um 7h an d'Kierch, fir dann um 8h an der Schouol ze sinn. Während d'Kanner an der Mass waren, huet d'Mamm geschafft, an fréier huet d'Mamm keng Fräizäit kannt.
  • Kommen mer mol zereck hautzudaachs. Während e puer Jongen d'Feier am Ueven e Feier ugefang hunn, hunn d'Meedecher an den Rescht Jongen, déi net wollten beim Feier mat hellefen, Miel an d'Broutbitchen ran gemach, Salz geweit, Hief klenggemach an an d'Miel gemach, an nach Wasser dabäi gemach. Se hunn daat ganz dann mat hiren Hänn gemescht, an dann niewent d'Kachmaschine gestallt. Den Deeg soll hano zwee mol esou grouss sinn wéi nom Mëschen.
  • De puer Jongen, déi d'Feier umachen wollten, huet währendeems e Feier am zwee meter langen Ueven ugefang. Fir d'éischt hunn mer Pabeier an den Ueven geluegt, dann dënn Bengelen opgestapelt, mat engem Fixfeier daat Ganzt ugefang, an dann méi déck Stécker. Den Felix huet sech amüséiert dem Alex M. eng schwarz Spuer ze hannerlossen. D'Feier ass en Moment krass ugang. Dann huet de Jan e Krop geholl an d'Bengelen domader ran gedréckt. Dann hunn mer d'Feier mat décken Bengelen ennerhaalen.
  • Bei der Thillenvogtei ass ausserdeem keen Netz. Mer hunn och nach d'eidel Päck vun deem
    Miel, deen déi aner an der Kichen verbraucht hunn, verbrannt. Äppel an Bieren huet een hei ans do an Scheiwen geschnidden an dann op eng Hiedschen (op dem Bild riets ze gesinn) geluegt, déi iwwert dem Feier geluegt gouf. Daat huet een dann wann et prett war giess. Iwwert dem Uewen wouy d'Jongen en Feier ugefaang hunn hängt Haam. Den Miller huet fréier an enger Millen gewunnt. Et ginn verschidden Sorten vun Weizen, esou wéi Weess, Kär, Huever, an Geescht. Dann kruten mer nach aner Erklärungen vun dem léiwen Jan.
  • No deems sinn mer an d'Scheier gaang, wou de Jan eis nach vill aner Saachen gezielt huet. Den Stréi ass fir Brout ze machen immens wichteg. Den Hallem gouf benotzt fir an de Stall vun den Kéi oder vun den Päerd ze setzen, den Wutz gouf awer gehaal fir Brout ze machen. Mir konnten d'Dreschenausprobéiren mat engem Dreschinstrument. Ëm 1890-1900 gouf
    d'Dreschmaschine (riets ze gesinn) erfonnt. Et muss een zwar un engem Rad dréinen, se fonktionéiert awer ouni Elektresch. Déi Maschine duerften mer och ausprobéiren, konnten d'Kären awer net direkt iessen, wëll se fir d'éischt gewäsch ginn mussen. Déi Dreschmachine rappt mat sengen Piken d'Kären vum Still. Nodeems huet den Jan d'Kären an d'Stiller op zwee verschidden Päck geluegt.
  • "De Reider" ass eng Këscht mat Lächer, déi d'Reszultat vum Dreschen sortéiert. Den Prinzip ass einfach, d'Kären ginn duerch déi Lächer, d'Stiller dogéint, bleiwen hänken. "De Reider" konnten mer ebenfalls ausprobéiren. "De Wand" (ennen riets ze gesinn) ass eng Maschine, déi daat sortéiert, waat iwwreg ass nom Reider eng zweete Kéier sortéiert, an no deem misst awer wierklech nemmen nach rengen Kär iwwreg bleiwen. Daat konnt een dann och ausprobéiren.
  • No all deenen Erklärungen an Proben vun Maschinen an aner Saachen sinn mer dann nees zereck an d'Kichen gaangen, wou en Deel vun der Klass d'Feier bëssen ennerhaalen an d'Pizzen an den nach warmen Ueven geluegt an erem rausgeholl wann se fäerdeg waren, an genau sou séier waren se schon verschwonnen opgefrupst vun e puer Schüler, huet, en Deel, wou ech dabäi war, huet Pizzen an Brout forméiert an Tomatenzaus op d'Pizzen gemach, an en aneren Deel huet dann einfach nemmen op déi nächst Pizzen gewaart. Déi Pizzen waren ausserdeem ganz gudd.
  • No deem ganzen Gebaaks haaten déi meeschten Schüler trotz den Pizzen nach Honger, an dann gouf beschloss raus ze goen, wëll et esou schéint Wieder war, an den Pique-nique ze maachen. Déi, déi schon fäerdeg waren mat hirem Pique-nique, hunn sech anescht beschäfteg, an verschiddener hunn sech mam Hond a mat Bäll amüséiert. No dem Beschäftegen hunn mer d'Bänken, op deenen mer gepik-nikt hunn gediebelt an ageraumt.
  • Mer sinn an d'Kichen zereckgaangen an gewaart bis dass jiddereen do war an hunn eng Rei gemach fir daat ganzt Brout an den nach warmen Ueven ze maachen. Firdrunn huet den Jan awer nach d'Glouss rausgeholl vum Ueven an huet et ofgekillt andeems en et an en Eelmer voller Wasser gemaach huet. Den Jan huet mat nach mat eis geschwat, Erklärungen ginn an op Froen geäntwert. Dann hunn mer eng Klassefoto gemach, d'Brout aus dem Ueven rausgeholl an mam Bus bis zereck an d'Schoul gefuer. 10 Minutten firun dass et geschellt huet sinn mer dann ukomm an konnten goen.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Hinweis: Nur ein Mitglied dieses Blogs kann Kommentare posten.