Freitag, 19. April 2013

Fünfter Projektatg Schule 19.04.2013

Fënneften Dag vun der Projektwoch :
Den Moien :

  • Den leschten Dag vun der Projektwoch hunn mer den Moien ugefang mat den Laptopen rauszehuelen  an Compagnie vun dem Här Engstler an der Miss Glod. Déi véier éischt Stonnen hunn mer eng Powerpoint iwwert eist Thema bereet gemach.

Den Mëtten :

  • Den Mëtten hunn mer dann nogelauschtert an nogekuckt währenddeems déi Aner hir Powerpoint präsentéiert hunn. Mer hunn och teschent zwou Powerpointen gespannt gewaart fir ze wëssen, ween als Nächst virstellen duerft. Méng Grupp misst dann als zweetlescht virstellen, an ech krut gesot, ech hätt gudd virgestallt, an méi prézis, ech hätt net nemmen vun mengem Blaat ofgelies. No all deenen laangen Powerpoint-präsentatiounen missten mer dann en Ziedel ausfellen, fir ze soen, ob zum Beispill mer genau esou vill Kontakt (net kromm denken) mat den Schüler an mat den Proffen haaten wéi am normaalen Kour. No deem laangen Dag, wou mer awer wierklech richteg vill geschafft hunn, duerften mer dann heem goen.

Vierter Projekttag Besuch bei der Kellerei Gales zu Wellenstein 18.04.2013

Véierten Dag vun der Projektwoch :
Den ganzen Dag :

  • Als éischt goufen mer an der Klass gezielt. Des Kéier sinn mer mol duererneen mat dem Här Engstler (ja, schon erem) an der Miss Glod (ja,och schon erem) bis den Busarrêt gaangen. den Bus war net do. 8:11 ass schon erem e falsche Bus ukomm, genau esou wéi en Mettwoch, an um 8:13 ass natierlech en aneren falschen Bus ukomm. 8:13 ass dann awer den richtegen Bus ukomm, mat deem mer bis zu Wellensteen gefuer sinn. 8:15 sinn mer stoen bliven, wëll den Här Engstler den Här Gales sichen gaangen ass, fir e klengt Stéckchen weider ze fueren fir bis bei d'Vengerten unzekommen.
  • Um 8:55 konnten mer endlech aus dem Bus klammen. Mer waren do niewent der Mousel, net
    weit eweg vum Dräilännerek. Ronderem vun eis waren vill Vengerten, wéi der riets kennt kucken. Den Marc Gales huet eis dann gudd begréisst an huet eis e puer Informatiounen ginn.
  • D'Wëngerten sinn hei zu Letzebuerg nemmen un der Mousel ugeplanzt, ausser eng Ausnahme zu Wasserbelleg un der Sauer. An deenen aneren Géigenden wéi Veianen ginn keng Drauwen méi ugeplanzt, wëll et do méi kaal ass an doduerch manner Zocker gebildt gett an d'Qualitéit vum Wäin doduerch ofhelt. An der Géigend vun der Mousel ass et méi warm, wëll et méi südlech läit. Virun 2000 Joer hunn d'Réimer Wäin aus Italien matbruecht, déi Zäit hunn awer d'Drauwen nach well gewuess. D'Kléischter, déi schon Béier haaten an produzéierten, hunn dunn och mam Wäin ugefaangen. Den Betrieb deen mer besichen gaangen sinn ass 1200 Hektar grouss. Daat ass en zimmlech klengen Betrieb, wëll et ginn Betrieber déi daat 10-facht an engem eenzegen Betrieb hunn. Den Marc Gales huet eis erklärt dass et dräi Sorten Wënzer ginn:
    • D'Drauwenverkeefer, déi zum Beispill un aner Kellereien hir Drauwen verkaafen, awer dono näischt méi ze soen hunn fir d'Produktioun (+-20%).
    • D'Privatwënzer, déi hir eegen Wëngerten an hird' eegen Kellerei hunn an hiren Wäin selwer produzéiren (+-20%).
    • D'Genossenschaftskellereien, déi privat Wëngerten hunn, awer nemmen un enger vun deenen 6 Kellereien vun der Genossenschaft verkaafen. Déi 6 Kellereien sinn an verschidden Dierfer, Wellensteen ass den gréissten Deel an d'Kellereien nennen sech Vinsmoselle (60%).
  • No deenen Informatiounen sinn mer weidergaangen bis bei en Wengert, wou d'Planzen réicht
    een Joer aal sinn (Foto op der Säit). Do huet den Här Gales eis nach aner Informatiounen ginn. Hien huet eis erklärt dass d'Planzen normaalerweis 30 bis 35 Joer hält. Dann ginn d'Planzen erausgeholl mat dem Drot an et ginn nei Planzen ugeplanzt. Nom zweeten Weltkrich haaten d'Wënzer Probleemer mat der Rieflaus, déi huet neemlech hir Planzen futtsch gemaach. Se huet hir Eeer an d'Wuerzelen vun der Planz geluegt, an d'Planz ass doduerch futti gaangen. Als Erléisung hunn se eng amerikanesch Planz fonnt, déi zwar keng Drauwen als Friicht huet, awer d'Rieflaus net interesséiert. Dann hunn se ugefaang déi Planz mat hiren Planzen mat Drauwen ze praffen, oder och nach ze veredelen, waat daat selwecht heescht. No 3-4 Joer kruten d'Planzen hir éischt Drauwen. Et helt een bei den Wëngerten d'Äerd net rof, wëll bei engem Donnerwieder giff déi ganz Äerd roffaalen.
  • Si spretzen d'Wëngerten mat dem Helikopter an mat dem Trakter. Se spretzen dann vun Scheld zu Scheld mam Helikopter. Duerno fueren se mam Trakter no. Mir kruten och gesot dass d'Wëngerten, déi no Süden kucken eng besser Qualitéit hunn wéi déi déi no Norden kucken, wëll do méi Sonn ass an méi Zocker hirgestallt gëtt an d'Qualitéit doduerch ropgeet.
  • Dann sinn mer an d'Haaptgebai rangaangen, daat der riets kennt gesinn, wou mer am Geschäft en Film gekuckt hunn. Do gouf een gewuer, dass d'Vinsmoselle 800 Hektar, also 2/3 vun der Wäinproduktioun zu Letzebuerg. De Buedem an d'Klima sinn ganz gudd. Am Ufank schneid een d'Äscht weg, bis dass nemmen nach zwee iwwreg sinn. Domadder erhéicht een d'Qualitéit vun den Drauwen vun deenen Äscht.
  • Géint Juli-August ginn e puer Drauwen gepléckt, fir d'Qualitéit vun den reschtlechen Drauwen ze erhéigen. D'Drauwen ginn bei eis (zu Letzebuerg) nach emmer mat der Hand gepléckt, wëll d'Liesmaschine ab enger Hangneigung vun 25°-27° net méi richteg fonktionéiert. Den Zockergehalt vun den Wënzer gëtt kontrolléiert, an et mosst een deen Zockergehalt an Grad  Öchsle. E puer Kellereien hunn sech op een Wäin spezialiséiert, zum Beispill zu Wuerm op Crémant. No der Gärung gett den Wäin kontolléiert, an dann an Fläschen gefellt. Dann kennt eng Fläschengährung vun dräi Méint. No deenen dräi Méint ginn d'Fläschen getreint, d'Hief soll neemlech an den Stopp kommen. Dann ginn d'Fläschen gefruer, den Stopp flitt mam Hief weg. Et gëtt dann eng eegen Liquör dabäi gemach, d'Fläschen ginn zou gemach an se ginn gelivert.
  • No deem informanten Film hunn mer eng Visite guidée gemach. Ech hunn daat witzeg fonnt, dass ennert enger Statue vum Hellegen Willibrord (riets) ennen drenner stung: "Bénissez le bon vin, qui faites les bonnes Gens", daat heescht, Seegent den gudden Wäin, deen déi gudd Leit mecht. Den Marc Gales huet eis erzielt, dass den Hellegen Willibrord rekommadéiert huet, dräi Glieser Wäin pro Dag ze drénken. Mer kruten gesot, dass d'Fläschen emgedréint ginn, an dann gewäsch ginn.
  • Mir sinn dann bei d'Pressen gaangen, déi, wéi et den Numm schon seet, d'Drauwen pressen, an vun do aus ass et weidergangen bei d'Filteren. Déi filteren d'Iwwerrechter vun den Drauwen no den Pressen. Den Wäissen Wäin get dann an riesen tänk aus inox (Bild riets ze gesinn) agefellt, de Rouden Wäin gett awer an holzern Fässer (Bild ennen riets) agefellt. Daat get gemach fir de goût vum Rouden Wäin. Hygien ass do immens wichteg, Hygienerichtlinienen sinn extrem heisch. Mir sinn dunn nach duerch d'Kellerei gangen, an dann sinn mer an en aalen Réuniounssall gaangen, deen elo fir d'speziell Degustatiounen, esou wéi an desem Fall, benotzt gëtt.
  • Mer konnten do Chipsen iessen, an Tamt-tam drénken (ennen riets ze gesinn). Fir déi, déi et net wëssen, daat ass Drauwenjus. Deen war ganz gudd. Ausserdeem brauch een an der moyenne 1,4 kilo Drauwen fir en Liter Wäin.
  • No däer Probe konnten mer och Fläschen Tam-tam kaafen. Dann sinn mer an den Bus geklomm, an sinn erem an d'Schoul gefuer.



Donnerstag, 18. April 2013

Dritter Projektag Besuch in der Thillenvogtei zu Wahl 17.04.2013

Dretten Dag vun der Projektwoch :
Den ganzen Dag :

  • Um 8:05, de Moien, sinn mer schon erem 2 an 2 mat dem, Här Engstler, der Madame Cordier an dem Här Kellner bis bei den Busarrêt gaangen. Wou mer ukomm sinn beim Busarrêt, war eisen Bus nach net do . Géint 8:12 ass en Bus ukomm, et war awer en Falschen, an en ass baal drop weggefuer. Um ongeféier 8:15 ass daat selwecht geschitt, an deen Bus war schon erem net deen Richtegen. 8:17 ass dunn den sou ersehnten richtegen Bus ukomm. 1 Minute drop sinn mer fortgefuer fir eng lang Rees, déi och zimmlech warm gouf, wëll ech niewent enger Heizung souz.
  • Géint 9:22 konnten mer endlech erem bei der Thillenvogtei zu Wahl un d'fresch Loft kommen. Mer sinn dann vun engem Här, deen sech als Jan virgestallt huet, an eng aal Schoul  (aaaaaaaaaaaaaahhhhhhh  Von Schulen umzingelt) geféiert ginn. Mer hunn eis dann op deenen richteg klengen Bänken sou gudd wéi et méiglech war installéiert, an kruten eng grouss Presentatioun vun der Schoul an der Thillenvogtei am groussen Ganzen vun dem
    Jan virgestallt, deen eis schon begréisst huet an zur aal Schoul geféiert huet.
  • D'Thillenvogtei war en Baurenhaff, deen zu engem Musee emgebaut gouf. 1991 gingen 100 Kanner aus der Gemeng an déi Schoul. Et gouf nach keng Spill- an Primärschoul, an dowéinst sinn d'Kanner aus der Gemeng bis 6 Joer bei hierer Mamm, also doheem bliven. Den Jan krut während senger Schoulzäit keen neien Schoulsaak, wéinst dem Präis vun engem neien Schoulsaak, an seng Famill war net immens räich. An der Schoul goufen et 4 Reien Bänken, an dovunner zwou fir d'Jongen, an zwou fir d'Meedecher.
  • Et gouf eng Joffer fir d'1., 2., 3., 4., 5., 6. an 7. Schouljoer, an déi eng Joffer vun fréier war sou streng wéi 6 Jofferen hautzudaachs. Pro Dommheet, déi een gemeet huet, wéi zum Beispiel ze spéit an d'Schoul kommen, krut een en Strech. Um Schluss vum Schouldag krut een dann eenSchlag mat engem Bengel op d'Fangeren pro Strech. Wann
    • d'Mamm daat gewuer géif ginn, krut een dann och vun him Streech.
    • de Paschtouer dovunner erzielt krut, krut een dann Schléi mat engem nach méi groussen Bengel wéi deen vun der Joffer.
  • All d'Kanner goufen normal Baueren, ausser een Jong, deen Paschtouer gouf, en Meedchen, daat Joffer gouf, an nach een deen bestemmt war fir d'Kéi ze sträichen.
  • 1914, Ufank vum éischten Weltkrich, gouf et keen Schoulsaak, an den Bopi oder den Papp huet engem en Schoulsaak gebastelt.
  • Fréier waren d'Profen méi streng an d'Schüler waren méi disziplinéiert an se haaten eng vill méi schéin Handschrëft, déi néideg war, wëll d'offentlech Dokumenter
    exklusiv handgeschriwwen waren.
  • Hir Schachtelen, déi aus Holz waren, enthaalten en Griffel fir op hir Schiefertafel ze schreiwen. Dobäi koum och nach en Läppchen, deen do war fir daat Geschriwwent vun der Schiefertafel ofzeweschen, deen déi meescht Jongenverluer haaten, an wann d'Joffer daat gewuer gouf, Krut deen Jong direkt 3 Strecher.
  • No dem 1. Schouljoer konnten déi meeschten Kanner schon Zeitung liesen. Fréier, fir Botter ze kréien, musst een fir d'éischt eng Kou sträichen, an aus der Mellech huet d'Mamm dann duerch Magie aus der Mellech Rahm gemach, wéi den Jesus aus Wasser Wäin gemeet huet (ech mengen, dat et déi selwecht Technik ass) . Aus der Rahm huet een dann Botter gemach.
  • An enger Famill goufen et meeschtens teschent 7 an 12 Kanner. Spillsaachen goufen et praktesch nach net, an och guer keng Séissegkeeten, an bei dem Kleeschen krut een meeschtens eng Schiefertafel, en Pullover, Schlappen, an méi selten Schocolat oder Orangen. Et gouf nach praktesch oder guer keen Elektrescht.
  • D'Déiren goufen benotzt an haaten all hir eegen Zwecker. D'Hénger goufen fir hir Eeer an als Poulet benotzt. D'Kéi goufen fir hir Mellech gehaal an d'Schwäin gouf fir d'Fleesch gehaalen. All Famill haat säin eegenen Gaart , wou se Geméis ungeplanzt haaten. Do huet een dann awer doduerch missen Onkraut regelmäisseg wegmachen. Peffer, Salz, Kaffi an Tubac waren e puer vun deenen eenzegen Saachen, déi net ugeplanzt goufen.
  • All Freiden gouf neit Brout vun der Mamm gebaak. Daat, waat all Dag op d'Schmier komm ass, huet vun der Saison ofgehaangen. Wann et d'Äppel-Saison war, dann gouf et eeben
    Äppelkompott, wann et d'Kuetchen-Saison war, dann gouf et Kuetchegebes, an wann en Schwäin geschluecht ginn war, dann haat een Zossissen fir op d'Brout. Um 10:05 sinn mer dann Brout pretmachen gaang fir et ze baaken. D'Kanner missten um 7h an d'Kierch, fir dann um 8h an der Schouol ze sinn. Während d'Kanner an der Mass waren, huet d'Mamm geschafft, an fréier huet d'Mamm keng Fräizäit kannt.
  • Kommen mer mol zereck hautzudaachs. Während e puer Jongen d'Feier am Ueven e Feier ugefang hunn, hunn d'Meedecher an den Rescht Jongen, déi net wollten beim Feier mat hellefen, Miel an d'Broutbitchen ran gemach, Salz geweit, Hief klenggemach an an d'Miel gemach, an nach Wasser dabäi gemach. Se hunn daat ganz dann mat hiren Hänn gemescht, an dann niewent d'Kachmaschine gestallt. Den Deeg soll hano zwee mol esou grouss sinn wéi nom Mëschen.
  • De puer Jongen, déi d'Feier umachen wollten, huet währendeems e Feier am zwee meter langen Ueven ugefang. Fir d'éischt hunn mer Pabeier an den Ueven geluegt, dann dënn Bengelen opgestapelt, mat engem Fixfeier daat Ganzt ugefang, an dann méi déck Stécker. Den Felix huet sech amüséiert dem Alex M. eng schwarz Spuer ze hannerlossen. D'Feier ass en Moment krass ugang. Dann huet de Jan e Krop geholl an d'Bengelen domader ran gedréckt. Dann hunn mer d'Feier mat décken Bengelen ennerhaalen.
  • Bei der Thillenvogtei ass ausserdeem keen Netz. Mer hunn och nach d'eidel Päck vun deem
    Miel, deen déi aner an der Kichen verbraucht hunn, verbrannt. Äppel an Bieren huet een hei ans do an Scheiwen geschnidden an dann op eng Hiedschen (op dem Bild riets ze gesinn) geluegt, déi iwwert dem Feier geluegt gouf. Daat huet een dann wann et prett war giess. Iwwert dem Uewen wouy d'Jongen en Feier ugefaang hunn hängt Haam. Den Miller huet fréier an enger Millen gewunnt. Et ginn verschidden Sorten vun Weizen, esou wéi Weess, Kär, Huever, an Geescht. Dann kruten mer nach aner Erklärungen vun dem léiwen Jan.
  • No deems sinn mer an d'Scheier gaang, wou de Jan eis nach vill aner Saachen gezielt huet. Den Stréi ass fir Brout ze machen immens wichteg. Den Hallem gouf benotzt fir an de Stall vun den Kéi oder vun den Päerd ze setzen, den Wutz gouf awer gehaal fir Brout ze machen. Mir konnten d'Dreschenausprobéiren mat engem Dreschinstrument. Ëm 1890-1900 gouf
    d'Dreschmaschine (riets ze gesinn) erfonnt. Et muss een zwar un engem Rad dréinen, se fonktionéiert awer ouni Elektresch. Déi Maschine duerften mer och ausprobéiren, konnten d'Kären awer net direkt iessen, wëll se fir d'éischt gewäsch ginn mussen. Déi Dreschmachine rappt mat sengen Piken d'Kären vum Still. Nodeems huet den Jan d'Kären an d'Stiller op zwee verschidden Päck geluegt.
  • "De Reider" ass eng Këscht mat Lächer, déi d'Reszultat vum Dreschen sortéiert. Den Prinzip ass einfach, d'Kären ginn duerch déi Lächer, d'Stiller dogéint, bleiwen hänken. "De Reider" konnten mer ebenfalls ausprobéiren. "De Wand" (ennen riets ze gesinn) ass eng Maschine, déi daat sortéiert, waat iwwreg ass nom Reider eng zweete Kéier sortéiert, an no deem misst awer wierklech nemmen nach rengen Kär iwwreg bleiwen. Daat konnt een dann och ausprobéiren.
  • No all deenen Erklärungen an Proben vun Maschinen an aner Saachen sinn mer dann nees zereck an d'Kichen gaangen, wou en Deel vun der Klass d'Feier bëssen ennerhaalen an d'Pizzen an den nach warmen Ueven geluegt an erem rausgeholl wann se fäerdeg waren, an genau sou séier waren se schon verschwonnen opgefrupst vun e puer Schüler, huet, en Deel, wou ech dabäi war, huet Pizzen an Brout forméiert an Tomatenzaus op d'Pizzen gemach, an en aneren Deel huet dann einfach nemmen op déi nächst Pizzen gewaart. Déi Pizzen waren ausserdeem ganz gudd.
  • No deem ganzen Gebaaks haaten déi meeschten Schüler trotz den Pizzen nach Honger, an dann gouf beschloss raus ze goen, wëll et esou schéint Wieder war, an den Pique-nique ze maachen. Déi, déi schon fäerdeg waren mat hirem Pique-nique, hunn sech anescht beschäfteg, an verschiddener hunn sech mam Hond a mat Bäll amüséiert. No dem Beschäftegen hunn mer d'Bänken, op deenen mer gepik-nikt hunn gediebelt an ageraumt.
  • Mer sinn an d'Kichen zereckgaangen an gewaart bis dass jiddereen do war an hunn eng Rei gemach fir daat ganzt Brout an den nach warmen Ueven ze maachen. Firdrunn huet den Jan awer nach d'Glouss rausgeholl vum Ueven an huet et ofgekillt andeems en et an en Eelmer voller Wasser gemaach huet. Den Jan huet mat nach mat eis geschwat, Erklärungen ginn an op Froen geäntwert. Dann hunn mer eng Klassefoto gemach, d'Brout aus dem Ueven rausgeholl an mam Bus bis zereck an d'Schoul gefuer. 10 Minutten firun dass et geschellt huet sinn mer dann ukomm an konnten goen.

Mittwoch, 17. April 2013

Zweiter Projekttag Besuch des Logistik-Zentrum Cactus Capellen

Zweeten Dag vun der Projektwoch :
Den ganzen Dag :

  • Dësen Moien hunn mer all eis Saachen prett gemeet an wou jiddereen prett war, sinn mer schéin brav zwee an zwee mat dem Här Engstler an der Miss Glod Hand an Hand bis bei den Busarrêt gaangen. Nodeems mer de richtegen Bus fonnt haaten, sinn mer eis all drop gestierzt fir dei Plaz ze kreien, dei mer wollten.
  • Wou jiddereen gutt souz, goufen mer gezielt, domat mer och secher wieren, dass keen feelt. Dunn si mer fortgefuer. Mer haaten liicht Probleemer fir di richteg Plaz ze fannen um Parc d'Activités vun Capellen, wëll e Chantier amgaangen war op dem Wee den mer eigentlech missten huelen. No deem Wee-sichen, wärenddeems mer e puer Cactus- Camionen begeint sinn, sinn mer dunn um 8:45 ukomm.
  • Firunn dass mer erausgeklomm sinn vum Bus kruute mer vum Häer Engstler an vun der Miss Glod e puer Hinweiser wei mer eis sollen verhaalen, an dass mer sollen heiflech sinn.
  • Mer sinn dann an d'Gebai ra gaangen an sinn dann an engem Versammlungsraum komm. D'Mme Joëlle Guérin, deem säin Numm mer reicht mei späit, am Klassesall gewuer gi sinn, huet eis dann an d'Kantine gefouert, wou Si eis d'Gebai an haaptsächlech d'Firma virgestallt huet. Dei Centrale gouf an den 80er Joren gebaut an di lescht Modificatioun, di stattfont huet, wor virun engem Joer. Am Ganzen ginn et zwee Congelateuren an 1400 pizzaen, glacen, e.t.c..
  • Si liveren all d'Cactusen, nonzéng am Ganzen, an e puer kleng Shoppien, uechtzéng am Ganzen. Neierdéngs hunn se och eng Internetsäit (cactus.lu) dei och doheem livert (drive). Den Problem bei deem Secteur ass d'Rentabilitäit. Si schaffen also gréiβtendeels mat de Geschäfter.
  • No deenen Erklärungen hunn mer eis Jacketten ugedo an hunn eng visite guidée vum ganze Gebai gemaach, wou et mei kaal ass (sou wéi gewisen um Bild riets; uewen sinn d'Temperaturen am froid positif an ennen déi zwee rietssinn froid négatif).
  • Am Entrepôt ginn d'Saachen, dei ukommen, examineiert, ob se okay sinn, an falls ja, gett et gespeichert an et gett an de Stock geraumt oder et gett direkt weidergescheckt un d'Geschäfter.
  • D'Cactus-Camionen, dei esou déifgefrueren oder einfach kaal Saachen transporteiren, hunn eng Zone, wou den froid positif (einfach normal kaal)d'Temperatur ass, an eng Zone wou als Temperatur den froid négatif (déifgefrueren) benotzt gett. Am Gebai Vun deem Logistik-Zentrum ginn et 3 Entrepoen. Op Blieder ginn d'Qualitäit, d'(date limite de consommation) an d'Quantitäit opgeschriwwen.
  • Bei dem Cross docking gett et an engem Computer opgeschriwwen. Beim Cross docking ginn d'Waren réceptionneiert, awer net geraumt, awer direkt weggescheckt.
  • Beim Picking helt een d'Waren an prépareiert se. Am Ganzen ginn et ongefeier 400 verschidden Sorten Keis zu Letzebuerg. 
  •  Den minimum Loun ass vun 1900 €. Dei, dei an der Zone schaffen, wou d'Temperatur bäim froid négatif (déifgefrueren, -20,-22° C) läit, hunn eng Prime, wougeint dei, dei an der Zone wou den froid positif (einfach normal kaal,5-6° C ) d'Temperatur ass schaffen, keng speziell Prime dofier kreien. Dei, dei am froid négatif schaffen, mussen dräi Veirels Stonn schaffen, an dann awer eng Paus vun enger Veirels Stonn machen.
  • All dei, dei do schaffen, mussen eng speziell Kombinaison undoen, dei vun der Firma zur Verfügung gestallt gëtt. Et schaffen do och baal keng Fraen, well et einfach physech ze ustrengend ass, an well et di meescht Fraen net lang do bäim schaffen aushaalen. Di Männer, di am Kaalen schaffen ginn awer komescherweis net mei oft oder mei schnell krank wei mier.
  • Riets ass e Bild vun den Machinen, dei opgelueden ginn.













  • Wann een wëll an een vun deenen beiden Congelateuren goen, muss en begleed ginn aus Secherheetslechen Grënn. Den Entrepôt ass déi wärmst Plaz vum Schaffberäich. Am Stock gëtt et Kéis an Scheiven, an klengen Quadrater an an grouss Stécker. Moies gett am Logistik-
    Zentrum geschafft an Mettes gëtt daat ganzt Gebai gebotzt. Riets gesitt der déi grouss Wäschmaschine.
  • D'Guillotine ass eng Maschine, déi den Kéis schneidt, d'Emballeuse emballeiert den Kéis an nach eng aner Maschine wäscht en.
  • Den Logistik-Zentrum fabrizeiert also keen Kéis oder Aaner Produkter, et leet d'Produkter einfach weider.
  • Mir sinn dunn nees zereck an d'Kantine gaangen, wou mer erklärt kruuten, wéi een déi verschidden Sorten Kéis produzéiert.
    • Den fromage frais (zum Beispiel: Philadelphia, Mozzarella) gett einfach nemmen
      geronnen.
    • D'Pâtes molles (Croûte fleurie, z. B.: Brie oder Croûte lavée, z. B.: Munster)ginn geronnen an e bëssen gepresst.
    • D'Pâtes dures (cuites, z. B.: Ementhal oder non cuites, z. B.: Gouda) gëtt geronnen an dann méi gepresst.
    • D'Pâtes persillées (bleu; Rocquefort)
    • D'Fromages de chèvre
    • D'Fromages fondus
  • Et huet een am Fong den Kéis erfont an gemach, wëll et eng Manéier ass, d'Mellech méi lang haalbar ze machen an wëll et gudd ass. Den Logistik-Zentrum vum Cactus schafft mat Luxlait, d'Fromagerie de Luxembourg, Balthes, en Baurenhaff zu Eperdange an een zu Matange. Hir Ëeer kommen vun Bettange.
  • Um ongeféier 10:10 hunn mer dann ugefang mat deenen zwee Filmer ze kucken. Do huet een, enner anerem, iwwert den Bersdorfer Kéis geschwat. Géint 10:20 haaten mer dann déi Filmmer fäerdeg.
  • Ech sinn och gewuer ginn, dass den Japaneren hiren Bauch net gudd fir Mellech-Produkter geegent ass. An deem Logistik-Zentrum hunn se Letzeboieschen, Däitschen, Holläneschen, Italieneschen, Portugieseschen, Spuenieschen, Schwäitzer an nach Griecheschen Kéis. Multinationaleschen Kéis, also.






  • No däer Ganzer Theorie sinn mer dann zur Praxis iwwergaangen, sozesoen, an hunn verschidden Kéiser konnten probéiren, woubäi den Gruyère am meeschten ausprobéiert gouf an ech hunn en mol ganz gudd font. Mer hunn awer och kunnten en Orangenjus (vun der Marque Innocent, ouni Conzentrat [Dësen Blog ass garantéiert 100% ouni Werbung]) drénken, deen ech ebenfalls gudd font hunn.
  • No deenen Proben vun verschidden Kéissorten sinn mer dann géint ongeféier 11h rausgaangen vun der Kantine. Den Bus ass dann +- 10 Minutten méi spéit ukomm, an mer sinn lasgefuer. Um 11:30 sinn mer beim Busarrêt virun der Schoul ukomm. Mer sinn dann zereck an den Klassesall gang. Et war den ganzen dag ganz schéint Wieder.

Montag, 15. April 2013

Erster Projekttag Schule 15.04.2013

Eischten Dag vun der Projektwoch :
Den Moien :

  • Mer hunn di zwou eischt Stonnen an den Sciences Naturelles Saachen iwwert den Alkohol an wei et produzeiert gett, gesinn, sou wei d'alkoholesch Gährung, hunn awer och Saachen iwwert den Wäin geschwuat an wei en produzeiert gett. Als Geschenk fir eist opmierksamt Lauschteren krute mer dann och nach GRATIS Hausaufgaben.
  • No deenen zwou Stonnen hunn mer dann mat der Mme Cordier iwwert d'global Ernährungsnetz geschwat an e puer Fotoen gesinn.

Den Meëten :

  • Den Metten hunn mer dann eisen Blog angericht, et war awer zimmlech duercherneen.
  • No deem hunn mer eis an den Gruppen zesummengesaat an hunn eis "Interview" fir d'Visite vun eisem Thema firbereet an e puer Infoen schon fonnt.
  • Wann mer daat ferdeg haaten, konnten mer dann op esiem Blog weiderschaffen.